Och an dësem Schouljoer hunn d’Schüler vun der 3e „Optioun Graffiti“ grouss PVC-Bannere mat originelle Motiver fir den e-Lake Festival zu Iechternach entworf.
Inspiréiert vun der roueger Landschaft ronderëm de Séi hu si hir Kreativitéit fräi lafe gelooss an d’Natur a faarweg, kënschtleresch Zeenen ëmgewandelt, déi déi lieweg Festival-Atmosphär mat Musek, Energie a gudder Stëmmung afänken.