Diplomiwwerreechung vum Éischt-Hëllefs-Cours

Am Kader vun der Optioun Éischt Hëllef an engem zousätzleche Cours mam Här Christophe Audenaerde haten eis Schüler d’Chance, wäertvoll Kenntnisser a praktesch Fäegkeeten ze sammelen, fir an Noutsituatioune séier a richteg ze handelen.
Mat ville prakteschen Übungen hunn si hiert Wësse verdéift, verschidde Situatioune geüübt a sech optimal op den Eeschtfall virbereet.
Als Belounung fir hiren Asaz konnten 22 Schüler um Enn hire wuelverdéngten Diplom aus den Hänn vum Här Robert Droulans entgéinthuelen.
Mir gratuléieren allen häerzlech zu dësem flotte Succès a soen de Formateuren e grousse Merci fir hiren Engagement!

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu