De Sponsored Run vum LCE ënnerstëtzt schonn zënter Jore mat vill Engagement Projete vun der UNICEF.
Mir si besonnesch houfreg, datt mir dëst Joer um Schoulfest e Scheck am Wäert vun 19.581 € un d’UNICEF konnten iwwerreechen.
D’Mme Wohlfart, Mataarbechterin bei der UNICEF, huet den aussergewéinlechen Asaz an déi grouss Solidaritéit vun eiser ganzer Schoulgemeinschaft gelueft.
Besonnesch beréiert huet eis hir Ausso, datt dëse Montant et erméiglecht, 450 ënnerernierte Kanner am Sudan eng liewensrettend Therapie ze finanzéieren. All gelafene Kilometer an all Ënnerstëtzung hunn dozou bäigedroen, Liewen ze retten.
E grousse Merci un all Leeferinnen a Leefer, Sponsoren an all helping hand!