EXIT 2026 – E flotte Schluss fir e gelongent Schouljoer!

  1. Mat eisem Schoulfest hu mir d’Schouljoer op eng richteg flott Aart a Weis ofgeschloss!
    Wärend déi iewescht Klasse mat hirem Regent eng flott Aktivitéit erlieft hunn, konnten déi ënnescht Klasse sech aus ville Workshops een eraussichen:
  • Kreativitéit an de Konschtatelieren
  • Ënnerwee mam Kayak
  • Op Tour mam Mountainbike
  • Vollen Asaz um Fussballsterrain
  • Déi éischt Schrëtt am Bouschéissen
  • Kraider planzen a Gaardenaarbecht entdecken
  • Spaass mat ville Spiller
  • Rhythmus a Beweegung beim Jazzdanz an der Echternacher Musikschoul

Et war e ganzen Dag voller Beweegung, Kreativitéit, Teamgeescht a virun allem vill Spaass! E grousse MERCI un all d’Schülerinnen a Schüler an d’Enseignanten, déi mat vill Engagement en Atelier ugebueden hunn. E besonnesche Merci geet och un d’Membere vum Schülercomité, déi dem Tanja Wagener an dem Laurent Weber bei der Organisatioun vum Schoulfest tatkräfteg zur Säit stoungen.
Mir wënschen eng schéi Summervakanz a freeën eis schonn op dat nächst Schouljoer!

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu