D’Latiniste vu 6e, 4e an 2e waren zu Tréier

De 7. Juli 2026 waren d’Latiniste vu 6e, 4e an 2e, zesumme mat der Madamm Breuer, der Madamm Kill an dem Här Recht, fir ee flotten Ausfluch op Tréier.
Um Programm stoung ee Rondgang duerch d’Stad, bei deem d’Schüler op 6 verschiddene Statiounen ee VR-Brëll opgesat hunn. Si konnten esou eng spannend Rees zeréck an d’Zäit maachen an dat antikt Tréier vu virun ongeféier 2.000 Joer – deemools Augusta Treverorum – erliewen.
Den Trevererer Code-Rondgang verbënnt Geschicht, Kultur an digital Technologie op eng lieweg a spannend Aart a Weis. Hien huet de Schüler d’Méiglechkeet ginn, dat réimescht Tréier op eng ganz nei Manéier ze entdecken.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu