SEC-Day am LCE

Am Kader vum Projet vun de Sustainable Entrepreneurial Schools huet zum Schluss vum Schouljoer de SEC-Day am LCE stattfonnt. D’Schüler vun de Klassen 3CD, 3CG, 3GCM, 2CD, 2CG an 2GCG hunn un enger Matinée zum Thema Wirtschaftsaktualitéit mam Fokus op nohaltegen Entrepreneursgeescht deelgeholl.

De Philippe Berscheid, Secrétaire général vun den FNEL Scouten & Guiden, huet kuerz erkläert, wat de Scoutismus ass, iwwert de non-profit Secteur, Gouvernance-Strukture souwéi dat neit Asbl’s-Gesetz geschwat an op Spannungsfelder higewisen, mat deenen Asbl’en ze dinn hunn: Ass et méi wichteg demokratesch ze fonctionéieren oder op Effizienz ze pochen? Wéi vill Professionalitéit gehéiert an de Benevolat a wéi schafft ee mat Benevolen? Bréngt vill Engagement ëmmer vill Responsabilitéit mat sech?

De Claude Hoffmann, Contrôleur de gestion vun der Banque centrale du Luxembourg, huet den Eurosystem, d’Zentralbank an hir Missioune presentéiert. D’Schüler hunn de Fonctionnement vun der politique monétaire erkläert kritt a geléiert, wéi d’Decisiounen am Kader vun der Geldpolitik getraff ginn. Unhand vu Fallbeispiller konnten d’Schüler och selwer Decisiounen zum Leetzëns huelen.

De Paul Konsbruck, CEO vu LuxConnect, konnt mat engem spannende Liewensparcours iwwerzeegen. Vum Germanistikstudium, iwwert Speaker bei RTL a Beroder vum Ex-Premierminister, bis hin zum aktuelle Direkter vun der relativ jonker Firma LuxConnect, weist hie, datt e professionelle Parcours net ëmmer um direkte Wee stattfënnt. Hien huet unhand vu praktesche Beispiller mat de Schüler gekuckt, wat eigentlech d’Aufgabe vun engem Manager sinn a wéi vill ënnerschiddlech Decisiounen een all Dag huele muss. Ausserdeem hunn d’Schüler geléiert, wat en Datenzenter ass an datt ee gutt oppasse soll, wou een seng Date späichert.

D’Lynn Lecorsais, Administrateur bäi Schroeder & Associés, huet mat vill Passioun vu senge Projete geschwat. Op eng ganz strukturéiert Aart a Weis sinn d’Schüler gewuer ginn, wéi grouss den Impakt vum Bau op d’CO₂-Emissiounen ass a wéi ee mat Entrepreneursgeescht, Kreativitéit a kompetentem Wëssen innovativ Léisunge fënnt, fir eis Äerd méi nohalteg ze gestalten. Vu méi ëmweltfrëndlechem Bëton, iwwert d’Notze vu lokalem Holz bis zu Zillen aus lëtzebuergeschem Leem – konkret Beispiller hunn gewisen, wat alles méiglech ass. Natierlech bedeit méi ëmweltfrëndlech bauen awer och oft, datt ee bereet muss sinn, méi ze investéieren.

Ofgeschloss gouf dëse léierräiche Moie mat enger Konferenz am Spigelsall vum Pierre Gramegna. Den Ex-Finanzminister an aktuelle Direkter vum European Stability Mechanism huet de Schüler déi aktuell makroekonomesch Defie presentéiert. Vum Aféieren vum Euro, iwwert d’Manage vu verschiddene Krisen bis bei d’Fro, ob ze vill Regulatioun Europa net och e bëssen aschränkt, huet hien interessant Ablécker ginn. D’Konferenz gouf mat ganz pertinente Froen vun eise Schüler iwwert Steierpolitik , d’Leedung vun der amerikanescher Zentralbank an eise Pensiounssystem ofgeschloss.

Den LCE seet all dësen externen Intervenanten e grousse MERCI fir déi wäertvoll Ablécker an hiren Aarbechtsalldag an dofir, datt si eise Schüler d’Méiglechkeet ginn hunn, hir Kompetenzen auszebauen an nei Perspektiven ze entdecken.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu