Atelier zum Thema Paiementer

Den 3. Juli 2026 haten d’Schülerinnen a Schüler vun der 3GSO an der 4GSO1 d’Geleeënheet, um Atelier vum Här Krecké vun der Spuerkeess deelzehuelen. Am Mëttelpunkt stoung d’Thema Paiementer, wou d’Jugendlech op eng praktesch a verständlech Aart méi iwwer modern Bezuelmethoden, Sécherheet beim Bezuelen an den Ëmgang mat Sue geléiert hunn.
Mat esou Initiative baut den LCE seng Offer am Beräich vun der finanzieller Bildung weider aus a gëtt de Schülerinnen a Schüler wichteg Kompetenze mat op de Wee, fir sech sécher a verantwortungsvoll an der Finanzwelt ze beweegen.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu