Bourse d’Étude vun der Table Ronde

Och dëst Joer huet d’Associatioun “Table Ronde Luxembourg 7 Müllerthal” hire sozialen Engagement ënner Beweis gestallt an zwou Boursen am Wäert vu jeeweils 1.000 Euro un zwee besonnesch engagéiert Primaner aus dem LCE verginn. Mat dëser Ënnerstëtzung wëll d’Associatioun de Laureaten den Iwwergank an hir weider Studien erliichteren an hiren aussergewéinlechen Asaz honoréieren.
Am Kader vun der offizieller Scheckiwwerreechung duerfte mir de Jean-Christophe Dufour, Vertrieder vun der “Table Ronde Luxembourg 7 Müllerthal”, an eiser Schoul begréissen.
D’Bourse gouf dëst Joer un de Marwan Lamesch (feelt op der Foto) an den Helder Ribeiro Dos Santos iwwerreecht. Mir gratuléieren deenen zwee Laureaten häerzlech a soen der “Table Ronde Luxembourg 7 Müllerthal” e grousse Merci fir dëse generéisen a wäertvolle Geste. Dës Ënnerstëtzung bitt dëse jonke Leit e wichtege Réckhalt um Ufank vun hirem weidere Bildungswee.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu