Ufank Oktober hunn eis 7C- a 7G-Klassen zesumme mat hire Regenten e flotten Dag am Mariendall verbruecht.
Ënnert der Leedung vum SNJ stoungen Teamgeescht, Zesummenhalt a gemeinsam Erausfuerderungen am Mëttelpunkt. Ob beim VTT-Tandem, op enger spannender Expeditioun duerch de Bësch oder beim Top Rope: Eis Septimaner konnten sech besser kenneléieren, géigesäiteg ënnerstëtzen an als Klass zesummewuessen.
Alles an allem: en Dag voller Spaass, Beweegung an Teamspirit!