LASEL – Championnat Beachvolleyball

Den Donneschden, den 22. Oktober, ass den LCE zu Lëntgen mat zwou Beachvolleyballséquippen un den Tournoi gaangen. Am Ganzen waren 26 Equippen ugemellt.
Béid Équippe konnten sech an der Virronn ganz staark duerchsetzen an hunn duerch e gutt a strukturéiert Spill iwwerzeegt. Leider hu béid an der éischter K.-O.-Ronn ganz knapp verluer.
Villmools Merci un all eis Spillerinnen a Spiller fir hir Leeschtung!

Foto vun lénks no riets: VAN ELSLANDE Gilles, WILDGEN Charel, STEIN Max, KREMER Maya, LEITZ Emma, ANTONY Ameely
Coach: Jan Mikeska

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu