Am Kader vum Cours Communication et médias, dee feste Bestanddeel vun der I-Sektioun ass an zënter zwee Joer am LCE och fir d’A-Sektioun ugebuede gëtt, hunn eis 3e-Schüler d’Ausstellung „À la recherche de la vérité – le journalisme et nous“ um Kierchbierg besicht.
Dobäi hu si sech mat Themen ewéi Journalismus, Desinformatioun an dem Asaz vu kënschtlecher Intelligenz an den Noriichten auserneegesat. An engem Escape-Newsroom konnten si hiert Wëssen duerno direkt an der Praxis ënner Beweis stellen.
Als Ofschloss stoung e Besuch am Eldoradio-Studio um Programm, wou d’Schüler eng Radiossendung live materliewe konnten.