Biosolympiad 20/21

Den 21. Januar hu 25 Schüler *innen aus dem LCE un der Qualifikatiounsronn vun der Biosolympiad deelgeholl. Wärend enger Stonn hunn d’ Schüler*innen  online 35 QCM-Froen aus de Beräicher Anatomie, Physiologie, Zytologie, Reproduktioun vun Organismen, Evolutioun, Ekologie, Genetik a Biotechnologie beäntwert.

Dobäi hunn Marie Weis (1CC) an d’Noémie Prates (1CC) et fäerdeg bruecht  sech ënnert déi Top 40 vun 238 Participanten ze klasséieren a  sech fir d’Halleffinall ze qualifizéieren.

Eis Felicitatiounen!