Collecte Banque alimentaire

Op Initiative vun der AELCE (Association des Enseignants du LCE) ass bei eis an der Schoul ënnert den Enseignanten eng Collecte fir d’Banque alimentaire organiséiert ginn. 

D’Madame V. Eich an d’Madame T. Wagener hu mat de Klassen 3CEG, 5C2,  5C5 a 6C5 un der Collecte deelgeholl.

An den Engleschcouren hunn d’Klassen iwwert de Fonctionnement an d’Noutwendegkeet vun enger ‘food bank’ geschwat, iwwert ‘food poverty’ an eiser Gesellschaft an iwwert Solidaritéit. Et ass och betount ginn dass d’Coronakris déi Situatioun nach méi kritesch mécht an d’Roll vun der Banque alimentaire nach méi wichteg gëtt.

D’Schüler hu mat groussem Äifer Liewensmëttel matbruecht a kënne stolz sinn op déi Quantitéiten déi vun deene jeeweilege Klasse gesammelt goufen. E grousse Merci u jiddereen dee matgemaach huet!