Virtrag iwwert d’Bourse

De Maurice Bauer, Generalsekretär vun der Bourse de Luxembourg (Luxembourg Stock Exchange), huet fir eis 1èren e Virtrag iwwert de Fonctionnement vun der Bourse gehalen. Hien ass dobäi haaptsächlech op d’Roll vun der Bourse an op déi verschidden Zorten vu Wäertpabeieren (Aktien, Obligatiounen, Fongen) agaangen. De Maurice Bauer huet och erkläert wéi wichteg déi gréng Anlagen (Luxembourg Green Exchange) hautdesdaags sinn, besonnesch bei der Lutte géint de Klimawandel.