Kompetitioun “CanSat”

D’Lina Metzger aus der 3eGIG, de Philippe Schaack, de Nicolas Berger, de Pierre Fusshoeller souwéi de Ben de Boer aus der 2eB hunn als Team Korolev mat hirem Tuteur den Här Michel Biersbach un der nationaler Kompetitioun “CanSat” deelgeholl. D’Ziel war fir als Team en klenge Satellit an der Gréisst vun enger Béchs z’entwerfen, ze bauen an duerno mat enger Rakéit e Kilometer an d’Luucht ze schéissen. Dobäi goufe Moossunge geholl an de Satellit ass erëm sécher geland. De Start war den 23. Mee.

Weider Informatioune fannt Dir op Instagram ënnert „Cansat Team Korolev“.