Nohaltegkeet am LCE

E Freideg, de 4. Juni hu verschidde Schüler an Enseignante vum LCE sech am Orangeriesgaart getraff fir iwwert d’Thema “Nohaltegkeet am LCE” ze diskutéieren.

Dobäi  si verschidden Iddien iwwert den Ausbau vum Recycling oder d’Reduzéiere vum Energieverbrauch am LCE thematiséiert ginn. Iwwert méiglech Aktivitéite, wéi Visitte vun nohaltegen Entreprisen, Generatiounsgärt oder nohaltege Landwirtschaftsbetrieber gouf nogeduecht. Weider si Weeër gesicht ginn fir eis Schüler alleguerten mat an d’Boot vum verantwortungsbewossten Ëmgank mat eise Ressourcen ze kréien.

Play Video