SEC-Day 2021

All eis 4C-Klassen hunn de 5. Juli 2021  um SEC-Day 2021, dee vun der Professorin Anne-Caroline Berscheid organiséiert gouf, deelgeholl. D’Thema war „Nohaltegkeet – aus alle Perspektiven“. Dobäi haten eis SchülerInnen d’Geleeënheet verschidden Acteuren (déi Gréng, Natur & Ëmwelt, GreenDate, Superdreckskëscht an IEE) kennenzeléieren. Si hunn de Moie festgestallt, datt „Nohaltegkeet“ net fir all Acteur dat selwecht bedeit.