OPL on Tour

Mëttwochs, de 7. Juli haten d‘SchülerInne vun de Classes musicales a vun der 2eAEG d‘Chance, en Open-Air-Concert vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg (OPL) am Haff ze genéissen. 

Vum Tourbus erof huet den Ensembel vum OPL eise SchülerInnen e flotten, ofwiesslungsräiche Museksprogramm presentéiert an hinnen e schéine Moment um Schluss vum Schouljoer geschenkt.