Fair Fashion Workshop

De 6. Juli haten d’Schüler*inne vun der 7C3 Besuch vun der Madamm Monteiro vu Fairtrade Lëtzebuerg, déi hinnen am Kader vun engem Workshop erkläert huet, wou hir Kleeder hierkommen a wéi se zum groussen Deel produzéiert ginn. Duerch verschidden Aktivitéite sinn d’Schüler*innen op  d’Problemer vun der Textilindustrie opmierksam ginn a si hunn esou d’Méiglechkeet gehat hiren eegene Konsum vu Kleeder ze hannerfroen.