Ressource schounen?

D‘7C2 an d‘7C3 hunn an engem flotte Workshop vun der SDK-Akademie gesinn, wéi all Eenzele Ressource schoune kann. Si hu geléiert, wat den Ënnerscheed tëscht enger Linearwirtschaft an engem Wertstoffkreeslaf ass. Si krute gewisen, wéi eng ënnerschiddlech Recycling-Méiglechkeeten et zu Lëtzebuerg gëtt, wou Rohstoffer wéi Glas, Holz oder Plastik hierkommen a wat d‘Gefore vum Rohstoffofbau sinn.