MERCI!

Heimat drécke mir de Schülerinnen a Schüler vum LCE eise Respekt aus, well si déi läscht 15 Méint souwuel schoulesch wéi perséinlech duergehalen hunn.

  • Dir hutt déi néideg Motivatioun fonnt, fir äre schouleschen Aufgaben nozekommen, obwuel är  Motivatiounsquellen, wéi Frënn an Hobbyen, iwwer Méint ënnerbonnen, jo souguer verbuede waren.
  • Dir hutt d‘Léieren doheem an iwwer Computer hikritt, och wann d’Aarbechtskonditiounen net ëmmer optimal waren.
  • Dir hutt Solidaritéit vis-à-vis vun eiser Gesellschaft an de méi vulnerabele Leit gewisen, andeems dir äert normaalt Liewen op Äis geluecht hutt.
  • Dir hutt verschidde sanitär Mesuren ugeholl a anerer mat Bon Sens hannerfrot.Dir hutt äre kritesche Geescht vis-à-vis vun Aussoe vu Leit mat manner kriteschem Geescht gewisen.

Mir soen iech MERCI fir är Ausdauer an äre Courage a Pandemie-Zäiten!!

D‘ Membere vun der Schoulgemeinschaft vum LCE