We are back!

D’Iwwerschwemmung am Juli huet an de Raim vum Rez-de-chaussée vum LCE grousse  Schued hannerlooss: An de Klassesäll, den Atelieren, de Büroen, der Portiersloge, der Imprimerie an der Bibliothéik … stoung d’Waasser meterhéich. Eleng eng 1500 Bicher an Zäitschrëfte sinn zerstéiert; an den Atelieren ass d’Geschier an den ënneschten Tiräng gerascht; all d’Dieren sinn opgequollen a mussen ersat ginn. Net besser ergoung et de Computeren a ville Schoul -a Bürosmiwwelen. Sou konnt bei de meeschte Maschinnen aus eisem Makerspace, eiser Schräinerei an eisem Metallatelier just nach den Totalschued festgestallt ginn. Donieft hate mir deeglaang kee Waasser, kee Stroum …

Awer sou schlëmm d‘ Iwwerschwemmung och war: D‘Solidarität vun der Schoulgemeinschaft vum LCE war formidabel! Vill Enseignanten, Ancienen, a Schüler hunn an hirer Vakanz eisem technesche Personal an eisem Botzpersonal beim Opraumen a Botze gehollef. Ouni dës Hëllef hätt d’Dréchne mat groussen Entfeuchter an d’Renovéiere net sou séier kënnen ufänken.

An de Summerméint ass dofir ganz vill geschafft ginn: Bei Biedem, déi sech gehuewen hunn, gouf d’Chape ersat a nei Plättercher geluegt; fiicht Tëschemauere goufen ersat; all d‘elektrisch Leitunge goufe kontrolléiert; nei Miwwelen a neit Geschier gouf organiséiert a bestallt …

Datt bis zur Rentrée net alles rëm sou ass, wéi wann et dës Katastrophe net ginn hätt, versteet sech vum selwen. De Rez-de-chaussée vum LCE gëtt lo an de nächste Méint nach weider grondsanéiert a nei miwweléiert.  Fir datt dës Renovatioun séier kann ofgeschloss ginn, wäerten hannert der Schoul fënnef provisoresch Pavillonen installéiert ginn, déi jeeweils déi Klassen aus deem Schoultrakt ophuelen, dee renovéiert gëtt.

E ganz grousse Merci geet dobäi un d’Equippe vun der Madamm Laura Biagoni, Architektin bei Bâtiments publics. Zesumme mat eisem technesche Personal an den implizéierte Baufirmen hu si alles gemaach, datt eis Schoul lo rëm prett fir dat neit Schouljoer ass. Och soe mir der Gemeng Iechternach, dem Trifolion an dem ISW Merci, déi eis Säll zur Verfügung gestallt hunn.

D’Membere vun der Direktioun vum LCE