Sportfestival DeLux

Am Kader vum INTERREG-MIKROPROJEKT Sportfestival DeLux  konnte Schüler*innen  aus dem LCE zesumme mat Schüler*innen  aus Konz, Saarburg a Jonglënster de 6. Oktober 2021 un engem Kayak-Kanu-Workshop op der  Saar deelhuelen. Un der Waassersportanlag  zu  Schoden am Saarland kruten si fir d’éischt eng Aféierung an dës fir si nei Sportaart. Duerno konnten d‘Schüler selwer un engem Kanutour iwwert d’Saar deelhuelen an haten d’Geleeënheet Schüler aus der Groussregioun kennen ze léieren.   

Merci dem Här Ralph Bermes, Sportsprofesser am LCE, den eise Schüler*innen dëse flotte Projet erméiglecht huet!

Previous slide
Next slide