Willibrorduskiermes

Dëst Joer konnt d’LCE-Fanfare zur Geleeënheet vun der Willibrorduskiermes den Hämmelsmarsch erëm am Lycée spillen. Uschléissend hunn d’Musikanten dës flott Traditioun op musikaleschem Wee an Iechternach erausgedroen andeems si den Hämmelsmarsch an aner bekannte lëtzebuerger Kiermeslidder gespillt hunn.