Dëschtennischampionnat

 

En Donneschdeg den 28.10.2021 hu 6 SchülerInnen aus dem LCE um Dëschtennischampionnat vun der LASEL deelgeholl.

D’Chiara Gieres ass Championne LASEL an der Kategorie Minimes/Meedercher ginn.

An der Kategorie Minimes/Jongen ass den Adrien Loureiro den 7ten an de Steven Zhu den 9te ginn.

An der Kategorie Cadets/Jongen hunn de Julien Holcher an de Yann Franssens eng gutt 9te Plaz gemaach.

An der Kategorie Juniors/Seniors ass de Pit Schmitz de 14te ginn.

Am ganzen hunn iwwert 50 SchülerInnen  um Dëschtennischampionnat vun der LASEL deelgeholl.

Coach: Ralph Bermes