CAL 2021: Journée artistique



Eis 2CE (Klass Madamm L. Gudendorf) huet op der “Journée artistique”, déi de CAL 2021 (Cercle Artistique de Luxembourg) fir all 2CE Klassen organiséiert huet, deelgeholl. No enger guidéierter Visitt hunn eis Schüler a Schülerinnen uschléissend eng kleng Zeechenübung gemaach. Besonnesch motivant ware fir si d’Wierker vu jonke Konschtstudenten a Konschtstudentinnen, déi vun engem internationale Jury fir des renomméiert Ausstellung vun zäitgenëssescher Konscht selektionéiert goufen.