Banksy zu Mainz


Zesumme mat hire Konschtprofessorinne sinn d’Schüler/Inne vun eiser E-Sektioun a vun eiser Graffiti-Optioun den 19. November 2021 op Mainz gefuer, fir do eng Ausstellung mat Wierker vum Kënschtler Banksy ze kucken. Dem Graffiti-Kënschtler seng Wierker gräife gesellschaftskritesch an zäitgenëssesch politesch Themen op, woubäi den typesch britteschen Humor oft grafesch duergestallt gëtt. Och kruten d’Schüler/Inne wärend enger guidéierter  Visitt duerch déi verschiddenen Deeler vum „Mainzer Landesmuseum“ en Iwwerbléck iwwert „Konscht vun der Moderne“.