Liesung mam Tullio Forgiarini

Am Kader vum Projet #liesenassgesond war den Tullio Forgiarini de 7. Dezember 2021 op Besuch am LCE. De lëtzebuergesche Schrëftsteller schreift net nëmme Romaner, mee och Kuerzgeschichten, Theaterstécker an Dréibicher fir Filmer. D’Schüler vun der 4C4 (Klass Madamm Annik Schank) haten am Virfeld schonns e Kapitel aus sengem Roman “Amok” an der Klass gelies an hate ganz vill Froen un den Auteur. De sympathesche Schrëftsteller huet sech vill Zäit geholl fir all hir Froen ze beäntweren an huet gären seng Erfarunge mam Bicherschreiwe mat hinne gedeelt. Sou sinn d’Schüler ënnert anerem gewuer ginn, datt besonnesch den Ufank vun engem Buch fir hien ëmmer e klengen Challenge ass an datt Schreiwen heiansdo och mol kee Spaass mécht. Duerno huet den Auteur nach aus sengem Buch “Amok” virgelies. Ofschléissend huet hien d’Schüler encouragéiert sech roueg ze trauen, hir eege Kreatiounen ze publizéieren.

Den LCE seet villmools Merci fir dës flott Liesung!