Du Fausti Do!

An der neier Produktion vum Iechternacher Lycée, an Zesummenaarbecht mat der Nationalbibliothéik an dem Trifolion, huele mer Iech mat op eng interessant, spannend an ofwiesslungsräich Rees duerch d’Liewe vum bekannte Lëtzebuerger Entertainer Fausti (1940-2021) a seng Zäit, vum Zweete Weltkrich iwwert déi wëll 60er a 70er bis zur Covid Pandemie.

Schauspiller, Erzieler, grousse Chouer, Begleetband an eng Leinwandprojektioun presentéieren Iech eng gesonge Geschichststonn, mat Lidder iwwert politesch an historesch Ereegnisser zu Lëtzebuerg an de bekannten Hits vum Fausti.

Dëse Musekspektakel ass, no Du Litty Do! (1872-1932) aus dem Joer 2023, den zweeten Deel aus der Trilogie, déi Lëtzebuerger Geschicht a Geschichten mat engem bekannten Entertainer als Protagonist, vun ugangs 19. Joerhonnert bis haut op d’Bün brénge wëll.

De Museksspektakel iwwert de Fausti a seng Zäit

27. , 28. an 29. November 2026 am Trifolion 16. Januar 2027 am Cube 521

Léif SchülerInnen, léif Enseignanten an technesch Personal, léif Ancienen, léif Elteren, léif Frënn vum Iechternacher Kolléisch

Mir si frou, Iech mat dësem Schreiwes kënnen anzelueden, beim nächste groussen LCE Museksspektakel am November 2026 am groussen LCE Chouer matzesangen 

Nom Konzept vun ‘Du Litty Do’ ass et am nächste Museksspektakel en anere Protagonist aus der Lëtzebuerger Musekszeen, nämlech de Fausti, deen eng aner Period vun der Lëtzebuerger Geschicht erlieft huet an zwar den Zäitraum tëscht 1940 an 2021. Historesch Ereegnisser ewéi den Zweete Weltkrich, Europa, d’Migratioun, d’Bankewiesen, d’1968er, d’Emanzipatioun, d’Atompolitik, d’Bommeleeëraffär, d’oppe Grenzen, de Fëmmverbuet op ëffentleche Plazen, den Euro, de Klimawandel an den Naturschutz, d’Coronapandemie an natierlech de Liewenswee vum Fausti ginn a Form vun originale Lidder aus hirer Zäit an Neikompositiounen thematiséiert.

Mir wiere frou, wann Dir erëm Zäit a Loscht hätt, fir bei dësem spannenden a léierräiche Projet matzemaachen.

Mellt Iech w.e.g. (am beschten esou séier ewéi méiglech 😊) iwwert d’Email-Adress fausti@lce.lu. Vergiesst w.e.g. net Är Stëmmlag an Är Email-Adress unzeginn.

Bei Froen oder Onkloerheete kënnt Dir Iech och direkt un de Georges Urwald (georges.urwald@education.lu),Museksenseignant a Responsable vum Museksspektakel, wenden.

È Iwwregens ass de ganzen ‘Du Litty Do’ Concert vum 6.5.2023 um Youtube ze gesinn. Einfach Du Litty Do aginn. Da kréien och déi, déi do net derbäi waren, schonn emol eng Iddi a wéi eng Richtung de Fausti Spektakel goe wäert.

Mat grousser Virfreed, Iech erëmzegesinn, mat Iech ze sangen, ze musizéieren an eng spannend Zäitrees duerch en neien Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht ze maachen …

Den Iechternacher Kolléisch

Proufplang ‘Du Fausti Do’

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu