De 6. Februar hu 6 Schüler aus dem LCE un der Halleffinall vun der Physiksolympiad am Lycée Aline Mayrisch deelgeholl. De Max Wenner vun der 1C hat sech landeswäit als excellenten Zweete qualifizéiert. De Jason Braas (2C), den Daniel Stors (2C), de Pol Mannes (2B), de Jacques Spaus (1C) an d'Noemie Schintgen (2B) konnte sech mat hire gudde Resultater ënner déi 45 Bescht klasséieren. Si hu während dräi Stonnen u schwéieren Aufgaben iwwert d’Physik vun den extrem déiwen Temperaturen, der schwaarzer Matière, der Geschwindegkeet vu kosmescher Stralung an der Briechung vum Liicht geknat. Si hu sech och mam Funktiounsprinzip vu Radiosantennen auserneegesat. Mir si gespaant op d'Resultater.