Och dëst Joer hu mir fir Valentinsdag fair gehandelt Rousen an eiser Schoul verdeelt. Net manner wéi 90 Stéck, hu mir u Schülerinnen a Schüler aus deene verschiddenste Klassen ausgedroen. Dës Rousen hu bestëmmt fir déi eng oder aner Iwwerraschung gesuergt. Mam Kaf vun enger fair gehandelter Blumm hutt dir net nëmmen ärer Léift oder enger léiwer Persoun eng Freed gemaach, mee och dem Blummenziichter am Kenia, wou eis Blummen hierkoumen. Leider ass et nach ëmmer esou, datt am Kenia d'Aarbechter/innen - ënnert hinnen och Kanner- vill Stonnen ënnert schlechten Aarbechtsbedingungen a fir e ganz niddrege Loun (ca. 50€ de Mount) schaffe mussen. De Fairtrade-Logo garantéiert, datt de Bauer e gerechten an ugepasste Loun fir seng Aarbecht kritt. Duerch de Kaf vu Fairtrade Produkter ënnerstëtzt dir dës mënschenonwierdeg Praktiken net. #fairlove