De 27. Februar 2018 haten d’Schüler vun den dräi A-Sektiounen d’Geleeënheet un enger Liesung mam Tom Weber an der Bibliothèque des élèves deelzehuelen.

Den Iechternacher Lycée ass fir de jonke Schrëftsteller awer keen onbekannten Terrain, well hie bis virun net all ze laanger Zäit nach selwer huet missen d’Schoulbänk hei drécken.

Fir seng Liesung méi ofwiesslungsräich ze gestalten, ass den Tom Weber och op seng perséinlech Erfarungen als Schrëftsteller zu Lëtzebuerg agaangen. Hien huet de Schüler säi Parcours op chronologesch Aart a Weis verzielt a jeeweils en Auszuch aus senge Bicher virgelies.

Säin neiste Buch “Charons Barke” ass den éischte Prosa Titel a verschléit de Lieser op Venedeg.

Den Tom Weber huet awer net nëmmen aus senge Lyrik a Prosa Bänn virgelies, mee huet och vun der Geleeënheet profitéiert fir de Schüler e Gedicht virzeliesen, wat hie fir Association des victimes de la route geschriwwen huet, an am Kader vum Internationale Gedenkdag vun de Verkéiersaffer 2017 virgedroe gouf. E gutt Beispill, wéi villfälteg ee Literatur ka benotzen a wéi ee mat engem Gedicht op e ganz seriöt Thema kann opmierksam maachen.

Merci dem Tom Weber fir säi Besuch!

Méi Info: https://webertom.com/