Duerch den Asaz vun de Schüler vun der 7P1 hu mir elo am Makerspace e stabillen handgemaachten Dësch fir eisen Drécker. Nom Ausmoosse vun den Dimensioune vum Drécker a vun der Platz, hunn d’Schüler e genaue Plang gezeechent an d’Holz op Mooss geschnidden. Duerno hunn si d’Lächer ugezeechent a gebuert fir déi eenzel Brieder zu engem Dësch zesummeschrauwen ze kënnen. Zum Schluss sinn Nylons Féiss ënnert d’Dëschplack geschrauft ginn. Mat Stolz konnten d’Schüler vun der 7P1 e Freideg den Dësch un de Makerspace ausliwweren.