Den LCE huet u “Young Art Under Ground”deelgeholl, eng EXPO am Tunnel vun der BCEE wou d’Schüler vu 7e bis 4e aus deene verschiddene Lycéeën d’Méiglechkeet krute fir hir Konschtwierker ze weisen.

D’Catherine Mendes vun der 7C3 huet a senger Kategorie den 1. Präis gewonnen. A Präsens vum Premier Minister Xavier Bettel krut d’Catherine säi Präis vum Minister Claude Meisch iwwerreecht.

Eis Felicitatiounen!

D’Ausstellung ass nach bis den 30. September ze besichtegen.