D’Schüler vun der 3CC hunn, a Begleedung vun hire Professere Claudine Wolff a Véronique Massard, den 19. an 20. Abrëll 2018 un engem « Stage écologique » zu Huelmes deelgeholl.

Den 1. Dag sinn si moies zu Fouss um Hunnebuer bei Miersch fortgaange fir op engem intressante Wee den « Ecosystème Bësch » kennen ze léieren. Am Nomëtteg koume sizu Huelmes un an hunn an der Buerg iwwernuecht.
Den 2. Dag stoung den « Ecosystème Waasser » um Programm. D’Schüler hu chemesch Analyse  vum Waasser an engem Weier an an enger Bach gemaach an och de Saprobienindex bestëmmt. Et handelt sech heibäi ëm eng biologesch Method fir d’Qualitéit vum Waasser erauszefannen.