Den Engagement vu ville Membere vun eiser Schoulgemeinschaft huet erëm dofir gesuergt, datt eis Portes ouvertes 2018 e grousse Succès war. Vill Elteren a Schüler aus dem Fondamentale hunn sech dovunner iwwerzeege gelooss, datt den Iechternacher Lycée mat sengem eenzegaartege Kader, senger villfälteger Offre scolaire a sengem ausserschouleschen Angebot déi richteg Schoul fir hir Kanner ass. Déi flott Fotoe vum Kassim Welschbillig, President vun eisem Schülercomité, ginn iech e klengen Abléck vun dem fir eis Schoul (be)sonnegen Dag. Klickt op dëse Link fir weider Fotoen.