236 Leefer hu sech um Sponsored Run 2018 bedeelegt. Trotz den héijen Aussentemperaturen hunn 191 Leefer wärend 60 Minutten duerchgehalen.

Mat de Fongen, déi iwwert de Sponsoring erakommen, ënnerstëtzt d’Asbl. H.E.L.P. (Healt,. Education, Life, Peace) zesumme mat „Aide à l’Enfance de l’Inde“ an der „FNEL“, zwee Projeten am NEPAL, déi als Zil hunn, Jugendlecher an dëser duerch  Äerdbiewen zerstéierter Géigend, eng berufflech Ausbildung ze ginn. Si kréien no hirer Ausbildung kleng Equipementer zur Verfügung gestalt, déi et hinnen erlaben, hir berufflech Zukunft ofzesécheren. Esou kréie si eng Chance sech hiert Liewen opzebauen.

E grousse Merci un d’Leefer an un d’Sponsoren !

E besonnesche Merci dem Bryan Borges Fernandes, Schüler vun der 3GTG, fir säin Engagement – hien huet sech net manner wéi 128 Sponsore gesicht.

E weidere Merci geet un d’Enseignantë vun der Education physique, déi de Sponsored Run mat de Schüler virbereeden an déi praktesch Organisatioun am Iechternacher Stadpark iwwerhuelen. Net ze vergiessen eise Personnel technique an déi vill Enseignanten a Schüler, déi all Joer beim Sponsored Run hëllefen.