D’Schoulgemeinschaft vum LCE, an Zesummenaarbecht mam Trifolion an der Iechternacher Musekschoul, huet den 11., 12. an 13. Mee 2018 “Best of LCE–Musicals” ënnert der Bezeechnung “Dorade Royale” opgefouert. E Projet vun der ganzer Schoulgemeinschaft – Schüler, Elteren a Professeren hunn eng weider Kéier “royalement” bewisen datt dës Synergie fir Engagement a Qualitéit um musikalesche Plang steet. Eis frësch gebake “Septième musicale” an “Die singenden Primaner von Echternach” ware mat an de Projet agebonnen. Déi vill dynamesch interpretéiert solistesch Einlagen hunn dem ganze Spektakel eng besonnesch Note ginn.

D’”Dorade Royale” verbënnt déi véier Musicalen Ora Labora, Pandora, Ultima Ora an Oratorium 1815 matenaner a féiert wéi e roude Fuedem duerch d’Iechternacher Geschicht. Den Erzieler huet dësen Zesummenhang vun den“ORA–Musicalen” ervirgehuewen.

Dëse gutt besichte Spektakel, ënnert der Leedung vun der Madame Monique Schumann,  huet de Publikum begeeschtert.

Fir déi, déi net derbäi konnte sinn oder sech hir Erënnerungen hale wëllen, hu mir iwwert dëse Link e photographeschen Abléck an de Spektakel “Dorade Royale“ zesummegestallt.

Zu engem spéideren Zäitpunkt kënnt eng Toun an/oder Video-Opnam derbäi.

Vun der Direktioun vum LCE aus geet e waarme MERCI u jiddwereen deen ënnert iergend enger Form un dëser musikalescher “KINNEKLECHER FËSCHPARTY” bedeelegt war.

Mir freeën eis elo schonn op den nächsten LCE-Musical.