Mat dëse Wierder goufen e Méinden zéng Schüler vun 2C aus dem LCE am „Forum Geesseknäppchen“ begéisst. Wärend zwee Deeg souzen si am LAML mat Schüler aus sechs anere lëtzebuergesche Lycéeën a 5  verschiddene Comitéen  zesummen , wou si u Resolutiounen zu Theme wéi beispillsweis „Gender Equality“ oder  „Agriculture and rural development“ geschafft hunn. Mëttwochs goufen dës Resolutiounen am Kader vum Sëtzungssall vum Schuman Gebai virgedroen. Dobäi huet den Oflaf vun den Debatte vun dësem „Model European Parliament“ deem vun dem EP entsprach. Sou hunn d‘ Schüler hir Resolutiounen net nëmme virgedroen, mee et gouf op Englesch debattéiert, amendéiert a votéiert. Dobäi gouf de But vun dësem „leadership programme for youths“ erfëllt:

“The aim of the MEP programme is to develop interest and skills in addressing high-level international issues jointly among Europe’s decision-makers of tomorrow.”