“Urban Sketching” mam Ireneu José Da Silva Oliveira war fir d’Schüler vun eiser Section artistique (2CE an 3CE) eng interessant Geleeënheet fir, zesumme mat engem bekannten Artist, en Dag an Iechternach ze zeechnen. Vill schnell a spontan Skizze sinn op der Maartplaz, bei der aler Parkierch an am Iechternacher Stadpark ronderëm de Pavillon entstanen. D’Photoë ginn eis e klengen Abléck an d’Skizze vun de Schüler.