De 7. Juni hunn 3 Schüler aus dem LCE um Championnat fir net lizenzéiert Dëschtennisspiller deelgeholl.


Si hunn allen dräi an der Alterskategorie Cadet gespillt.


Vun den 22 Konkurrente sinn de William Lima an d'Véierelsfinall an den Alex De Sousa an d'Halleffinall komm.


Mir gratuléieren dem Cristian Ancianis deen, d'selwecht wéi d'lescht Joer, déi éischt Plaz beluecht huet.

Coach: Bermes Ralph