De 28. Juni huet denLCE mat zwou Equippen um Beachvolleyball Tournoi vun der LASEL deelgeholl. Dësen Tournoi war fir Schüler ouni Volleyball Lizenz. All Equipe huet aus 4 Spiller (minimum 1 Meedchen) bestanen. D‘Equipe LCE 2 mam Suzanne Bensch, Jérôme Brück, Martin Elias an Antoine El Howzy huet et bis an d‘Véierelsfinale gepackt. D‘Equipe LCE 1 mam Aurélie Schroeder, Meris Agovic, Josy Apel, a Max Hoffmann konnt déi excellent 2. Plaz (vun 20 Equippen) beleeën.

Coach: Ralph Bermes