En Dënschden de Moie goufen 192 Septimaner an hir Eltere vu Membere vun eiser Direktioun, eise Servicer a vun hirer Regente/hirem Regent  am Trifolion häerzlech begréisst. No der Usprooch vum Direkter Henri Trauffler hunn eis jéngste  Schüler am  Haaptgebai vum LCE hiren neie Klassesall entdeckt. Vun hirer Regente/hirem Regent kruten sido déi néideg Aweisungen an Explikatiounen, ier et op Visitt duerch eist grousst Schoulgebai goung.

Dee Moien haten d’Eltere vun eise Septimaner d’Geleeënheet - no engem Café-Croissant am Kräizgank - sech iwwert den“Challenge“ vun der Rentrée mat eiser erfuerener Diplompädagogin, der Madamm Marie-Paule Kieffer, respektiv der Madamm Diane Groff, Assistante sociale am LCE, z‘ënnerhalen.

E Mëttwoch um 9 Auer huet et dunn fir all eis Schüler « back to LCE » geheescht. No enger Usprooch vum Direkter goufen och si vun hirer Regente/hirem Regent an hirem neie Klassesall begréisst.

Mir wënschen all eise Schülerinnen a Schüler  e schéint an erfollegräicht Joer an eiser Schoul!