Am Kader vun der Politik vum „Digital Classroom (Projet one2one)“ huet den LCE och dëst Schouljoer op Wonsch vu villen Elteren  iPAD Klassen. E Mëttwoch, den 10. Oktober 2018 war et (endlech) sou wäit! D‘ Schüler vun de Klasse 7C2, 7C3, 7C4 a 3CE kruten a Präsenz vun hiren Elteren, vum Direkter vum LCE an de Coordinateure vun dësem Projet hiren iPAD am Spigelsall vum LCE iwwerreecht.

De Jean-Paul Mirkes, Direktiounsmember, huet den Elteren an de Schüler déi technesch Detailer ronderëm d’Locatioun vum iPAD erkläert. Fir eng Locatioun vu 50 Euro d’Joer kréien eis Schüler vum CGIE en iPAD mat enger Tastatur, engem Smartcover an engem Apple Pencil zur Verfügung gestalt. Dobäi kënnen d’Schüler no véier Joer „hiren“ iPad vum CGIE gënschteg ofkafen.

Duerno ass den Här Michaël Meyer, Coordinateur vun den iPAD Klassen am LCE,   op déi nei pädagogesch Approche agaangen, déi et erlaabt d’Schüler fir d’Léiere méi ze motivéieren an dat autonoomt an interaktiivt Schaffe fërdert.

Sou ass e Mëttwoch e weidere Grondstee fir d’Enseignéieren an d’ Léieren an engem digitalen Ëmfeld geluecht ginn.