De 17. Oktober ass am Kräizgank a Präsenz vum Här Paul Weber, President vum Diddelenger Déiereschutzveräin, de Kalenner virgestallt ginn, deen d’Schüler vun der Première E am Laf vum leschte Schouljoer fir d‘Déierenasyl vun Diddeleng kreéiert hunn. 

Nodeems si ganz flott Biller vun Hënn a Kaze gezeechent haten, hu si am Trimester drop och de komplette grafesche Layout vum Kalenner selwer an d’Hand geholl. Dank der viller a gudder Aarbecht vun eise Schüler an hire Proffen, der Madamm Staar an der Madamm Gudendorf, ass sou e ganz schéinen, groussformatege Kalenner entstanen, dee sech wierklech weise léisst. 

Nodeems d’Première E den 29. September schonn an d‘Asyl invitéiert gi war, wou de Schüler an hiren Titulairen eng komplett Visite Guidée gebuede gouf a wou si och e puer Déiere perséinlech kenneléiere konnten, huet den Här Weber am Kader vun der Presentatioun am LCE alle Schüler an hiren Titulairen am Numm vun de verloossenen Déieren nach emol e ganz grousse Merci fir hiren Engagement gesot, mat deem si e wäertvolle Bäitrag zum Déiereschutz leeschten. 

De Kalenner ka fir 15 Euro am Sekretariat kaaft ginn an den Erléis geet integral un d’Diddelenger Déierenasyl (www.asile.lu).