Am Kader vun hirer Participatioun um « Planspiel Börse », hunn d’Klassen 2CG, 3CG an 2GCG um Workshop « Les actions : un instrument d’investissement » deelgeholl. Heibäi kruten d’Schüler en interessanten Abléck iwwert de Fonctionnement vun der Bourse. D’Experte vun der Spuerkeess hunn ënnert anerem erkläert, wéi en Aktiëcours festgeluecht gëtt, firwat d’Coursë falen oder klammen an op wat ee bei der Zesummestellung vu sengem Portefeuille oppasse soll. (PK)