De 25. Oktober hunn 3 Schüler aus dem LCE um Dëschtennischampionnat an de Kategorien A/B/C/D deelgeholl.


An der Kategorie „A/B Jongen“ huet de Luca Stephany déi 9. Plaz beluecht.

D‘Christine Filbig ass an der Kategorie „D Meedercher“ bis an d'Halleffinall komm.

An Hélène Zhu konnt sech an der selwechter Kategorie  „D Meedercher“ déi excellent éischt Plaz sécheren.

 

Felicitatiounen eiser Championne am Dëschtennis.

Accompagnateur: Bermes Ralph