Den ANNO 17/18, d’Chronik vum LCE, ka vun dëser Woch un zum Präis vu 25 EURO am Sekretariat vum LCE kaaft ginn. 

Thema vum Haaptdeel ass dëst Joer d’Dorade royale, de Bühnespektakel, deen eis Schoulgemeinschaft am Mee 2018 am Trifolion presentéiert huet. Nieft ville Fotoen an interessanten Hannergrondinformatiounen zu dësem Best of LCE Musicals loossen Temoignagë vun de Participanten de Lieser un dësem Event deelhuelen. 

Wärend den éischten Deel vun dëser Publikatioun verschidde Membere vun eiser Schoulgemeinschaft an d’Resultater vun den Ofschlossexame presentéiert, ginn am leschten  Deel, déi verschidde Projete vum Schouljoer 2017/2018 a Bild an Text virgestallt.