Wa Schüler vun de Septième EST- an ES-Klassen zesumme sangen, da léiere si sech klasseniwwergräifend kennen. Wa Schüler zesumme sangen, fuerderen a fleege si ‚sozial Kompetenzen’. Si schaffen zesummen op en Zil hin, si lauschteren openeen a passe sech un, si rappe sech géigesäiteg mat a motivéiere sech, si deelen Emotiounen an drécke sech mat hirer Stëmm aus. Doriwwer eraus huet Sange bekanntlech therapeutesch a gesondheetsfördernd Auswirkungen. Wa Septimanerschüler e Chouer op d’Bee stellen, en CD ophuelen a virun der Schoulgemeinschaft optrieden (Gesank am Gank, Spigelkabinett, Chouerdag am CCRN, Fête de la Musique, Diplomiwwerreeschung am Trifolion, …), da klammen si op eng direkt a lieweg Art a Weis an d’Kulturliewen vun der ‚grousser Schoul’ eran, ganz nom Motto ‘Déi Kléng sange fir déi Grouss’. Geprouft gëtt vu Januar un am Prinzip ee Wochendag an der Mëttesstonn (12:00-12:30). Gesongen an astudéiert gi 5 nei lëtzebuergëschsproocheg, jonk an ‚hausgemate’ Lidder iwwert jugendlech, reell oder fantastesch Themen, geschriwwe vu Schüler a Proffen aus dem Haus. Am Juni gëtt e Maxi-CD ënnert professionnelle Viraussetzungen a mat Begleetband produzéiert. De fäerdegen CD gëtt u Lëtzbuerger Kanner- a Jugendchéier an u Schoule verschéckt. Text, Nouten an Informatiounen iwwert den CD kënnen um Site vun der Schoul www.lce.lu gekuckt an erofgeluede ginn. Den CD kascht 5 Euro.
CD-Produktiounen
Kontakt : Georges Urwald
De Gesanksensembel ‘Pomum Adami’ prouft eemol an der Woch no der Schoul. De Chouer riicht sech un all Schüler aus dem Iechternacher Kolléisch. Gesonge ginn ‘Hits’ aus dem Rock-, Pop-, Musical-, Filmmusekrepertoire. Pomum Adami trëtt ënnert anerem um LCE Schoulfest oder bäim Projet ‘Spigelkabinett’ op.
Kontakt : Monique Schumann
De Proffechouer ass e gemëschte Chouer mat (je no Sängerunzuel) 4 verschidde Stëmmlagen. De Chouer prouft an der Reegel 2-3 Mol am Trimester Samsdes Muerges. D‘Lidder ënnerstinn all Joer engem bestëmmten Thema z.B. Schoul oder franséische Chanson. De Proffechouer wëll Spaass maachen, d’Kollegialitéit stäerken a säi Bäitrag zum flotte Schoulklima leeschten. Optrëtter bäi verschidde Schoulfeieren oder um Schoulfest stinn um Programm.
Kontakt : Georges Urwald
D’Kolléischsmusek funktionéiert am Prinzip Projet bezunn. All Schüler, deen e Blos- oder Perkussiouninstrument spillt ass wëllkomm.
Virun allem ronderem de 7.November, dem Hellege Willibrord sengem Doudesdag, spillt d’Fanfare all Joer am Kader vun der Willibrorduskiermes den Hämmelsmarsch an de Gebailechkeete vum Iechternacher Lycée an duerch d’Gaasse vun Iechternach.
En zweete, feste Rendez-vous ass all Joer op Péngschtdënschden. Hei begleet d’Fanfare de grousse Spréngergrupp vum Iechternacher Lycée bäi der beléifter Sprangprëssessioun zu Éiere vum Hellege Willibrord. Do dernieft funktionéiert och en zweeten Instrumentalensembel mat Geien, Flütten, Gittaren, Akkordeon a Perkussioun.
Kontakt : Georges Urwald
All 5-6 Joer organiséiert den LCE eng musekalesch Groussproduktioun fir d’ganz Schoulgemeinschaft. Schüler, Proffen, Anciens an Elteren doen sech zesummen, fir als Acteuren, Solisten, grousse Chouer, groussen Orchester a Rhythmusband en neigeschriwwenen, hausgemate Museksspektakel zu engem bestëmmten Thema, enger bestëmmter Geschicht op d’Bühn ze bréngen.
Produktiounen: Oralabora (Iechternacher Basilika, 1998, Text: Jean-Claude Degrell – Musek: Jean-Marie Kieffer ) – Pandora (Basilika, 2004, Text : Danielle Hoffelt – Musek : Jean-Marie Kieffer) – Ultima Ora (Basilika, 2009, Text: Danielle Hoffelt, Jean-Claude Degrell – Musek: Jean-Marie Kieffer, Georges Urwald)
Kontakt: Jean-Marie Kieffer – Georges Urwald
A reegelméissegen Ofstänn fënnt am Keller vum Orangerie-Gebai e Salon oder eng ‘Salounge’ resp. e Mix aus Béidem statt.
E gemëschte Publikum, e gemëschte Programm, eng entspaante Stëmmung, e gemittlecht Zesummesinn, Gedrénks a Gebäck, Musek, Sketcher, e Wëssensquiz mam Publikum, eng Tombola fir e gudden Zweck, eng Photoausstellung asw. erméiglechen je no Termin e flotten Aklang op de Wanter, op d’Chrëschtzäit, op d’Fréijoer oder op en Thema wéi ‚Déi Gëllen Zwanzeger‘, ‚D’Sixties‘ oder ‚D’Romantik‘. D’Organisatioun an d’Ëmsetze läit am Prinzip an den Hänn vum Schülerkulturgrupp, begleet vun engem oder méi Enseignanten.
Et handelt sech bäi der ‚Salounge‘ ëm eng stëmmungsvoll Lounge mat Groussstadflair, ganz am Zeeche vun der Orange: den DJ Juicy leet op, d’Beliichtung taucht de Keller an en orangt Liicht, d’Leit ënnerhale sech op Sëtzer an Orange-Form an um neien, orangë Comptoir schmaache si verschidde Cocktailen op Basis vun Orangejus. Eng flott Initiative fir ënnert anerem d’Membere vum LCE an engem ‚aneren‘ Kontext zesummenzebréngen.
Kontakt: Jean-Paul Mirkes – Georges Urwald
Den alljährlechen Hausconcert am Abrëll Spigelkabinett am Spigelsall vum Iechternacher Kolléisch ass eng fächeriwwergräifend Spektakel-Plattform fir kënschtleresch Villfalt. Hei gin am Prinzip Musek, Theater, Poesie, Danz an zirzenesch Konschtstécker ugebueden. All Schüler, all Enseignant huet d’Méiglechkeet, engem interesséierte Publikum Resultater vu flotte Projeten aus dem Joer virzestellen,
Kontakt: Georges Urwald
D’Formel ass einfach: et huet ee Schüler, déi gesanglech eppes ze bidden hunn an et huet een e schéine Gank, eraus kënnt Gesank am Gank! (GAG)
D’Schüler (an der Regel d’Septimaner) léieren am Laf vum Trimester eng Rei Lidder, Songs an ënnerschiddleche Kontexter am Musekscours kennen. Zwee vun deene Lidder gi parallel op alle 7eKlassen ageprouft fir zum Schluss vun all Trimester an der Muergespaus um 9:50 Auer opgefouert ze ginn.
De Gank, an eisem Fall dat grousst Trapenhaus am Haaptgebai vun der fréierer Iechternacher Abtei, dem sou genannte ‚Prälatefligel’ bitt eng Méiglechkeet, een Aspekt vum Musekscours no baussen ze droen an d’ganz Schoulgemeinschaft drun deel huelen ze loossen.
De Schüler gëtt schnell kloer, wat e klengen ‚Optrëtt’ fir grouss Auswirkunge kann hunn: si maachen dem Publikum, de Proffen an de Matschüler a sech selwer eng Freed. Eng kleng Iwwerraschung. Eng Erfrëschung. Eng kleng Ofwiesslung am Schoulalldag.
Kontakt: Georges Urwald

Adresse:
B.P. 17
L-6401 Echternach

Fax: +352 72 87 15 - 129
Email: secretariat@lce.lu
