E Samschden huet am Lycée Ermesinde zu Miersch am Kader vun der Benelux-League, déi regional Finall vun der „FIRST LEGO League“ stattfonnt. Dëse Wettbewerb gëtt weltwäit organiséiert an huet als Zil Kanner tëscht 9 a 15 Joer wëssenschaftlecht an technologescht Denken a Schaffe méi no ze bréngen.
Ënnert dem Motto „City Shaper“ hunn sech 10 Schoulklassen dëser Challenge gestalt. Mat der Ënnerstëtzung vun hirem Coach, der Madamm Anita Hennus, hunn si vun Ufank vun dësem Schouljoer un, sech Gedanke gemaach, wéi d’Stied vun der Zukunft géingen ausgesinn. Eng vun den Aufgabe war et e Roboter aus intelligentem Lego ze bauen, deen si programméiert hunn an dee verschidden Tester huet missen iwwert sech ergoe loossen. De Jury huet d’Präsentatioun, den Design an d’Programmatioun vun hirem Produkt bewäert. Dobäi huet eis Equipe, déi sech „LCE-Architekten“ nennt, déi éischt Plaz gewonnen.
Eis Felicitatiounen!
Domat däerfen eis Schüler an hire Coach de nächste Samschden zu Breda an Holland un der Finall vun der Benelux-League deelhuelen. Mir drécken hinne ganz fest d’Daumen!




Adresse:
Email: 




